Citatiounen stamen aus dem Avis vum Här Gira deen komplett an engem Artikel vum Blog publizéiert ass am Anhang 3 SUP - Avis du département de l'environnement du 25/11/2015 (archives blog : 13. Januar) an aus de SUP, um Internet-Site vun der Gemeng. Dës Avisen sinn also eng Interpretatioun vum Departement de l’Environnement aus dem Ministère du Développement durable et de l'infrastructure ze gesinn. Verschidde Leit mengen dat déi Interpretatiounen net ganz esou richteg wären well Legislatioun am Laf vun den Joeren esou oft geännert huet dat et net kloer ass, wat an engem gewëssen Moment gezielt huet. U sech misst am Fong den Riichter entscheeden.
D’étude préparatoire Dewey-Müller) seet an der Substanz dat nämlecht op der Säit 138 :
« 11. Formelle und informelle Pläne und Projekte.
Der PAG der Gemeinde hat nie Rechtskraft durch
Genehmigung durch den Innenminister erlangt. Er ist von der Gemeinde
beschlossen worden und diente stets als Grundlage für Baugenehmigungen oder die
Aufstellung eines PAP. Streng genommen geben daher heute allein die modifications
ponctuelles des PAG sowie die rechtskräftigen PAP das geltende Baurecht
wieder. »
Mee huelen mir emol un dat den Här Gira Recht hätt, am Sënn vun de Remark
vum Bureau Dewey-Müller. Wat heescht dat am Kontext vun dem PAG ?
Do kënnt een jo den Saz vum Här Gira esou interpretéieren dat all Zonen déi haut als nitt bebauten PAP deklaréiert sinn an Wierklechkeet keen Bauterrain woren an eigentlech och haut et nach net sinn. Just géifen déi PAP zielen déi vun den Ministeren approuvéiert ginn sinn, wat awer och zweiwelhaft ass op Grond vun Iwwerleeungen déi méi weit hei opgefouert sinn.
Wann een dann Kaarten kuckt gëtt dat een interessanten Patchwork vun den genehmegten opgeféierten PAPen, wou een sech schonns kann Froen stellen wat do hannen drun stécht. Et muss een och wëssen dat Notioun vun "Bestandschutz" besteet déi seet dat verschidden Saachen haut als "faits accomplis" ugesinn sinn, och wann Ëmstëmm fréier net richteg woren.


Wann een den soit disant PAG existant analyséiert, deen als Grondlag (ouni d‘Approbatioun vum Ministère de l’Intérieur) fir Baugenehmegungen benotz gouf a nach gëtt, dann gesäit een dat déi PAPen op deenen 3 Kaarten haut als zone d’habitation ausgeluecht sinn. Wann deemools PAPen néideg woren fir déi haut opgeféiert als soit-disant gülteg PAP ze realiséieren, da waren dat logescherweis keng Zone d’habitation virun deem wou drop gebaut ginn ass wëll soss wären jo keng PAPen néideg gewiescht.
Fro stellt sech ganz kloer op een PAG, deen vun der Gemeng gestëmmt gouf, als gülteg ugesinn kann ginn wann Approbatiounen vun deenen concernéierten Ministèren fehlen. Wann dat de Fall wär, da bräicht e jo keng Ministèren wéi zum Beispill den Ministère de l’Intérieur als Ministère de Tutelle vun den Gemengen. Déi kënnten dann schalten a walten wéi si et fir gutt fannen. Mir wären dann bis zu engem gewëssen Grad an engem rechtsfräien Raum wou den Gemengerot maachen kann wat hien wëllt betreffend PAG an wou den Buergermeeschter decidéiert wéi a wou gebaut gëtt well hien Baugenehmegungen ausstellt.
Matière ass komplex, Politiker changéieren, Gesetzer evoluéieren an iwwerschneiden sech deelweis an den Perioden wou si a Kraaft trieden, esou dat liicht kënnen Fehler entstoen déi net gewollt sinn.
Do fënnt eng Katz hir Jonk net méi erëm. Wann dat alles esou wär wéi déi hei Iwwerleeungen et ausweisen, dann dierft eigentlech guer näischt méi gebaut ginn ee den neien PAG „dans les Règles de l’art“ mat allen néidegen Autorisatiounen an Kraaft wär. Konsequenz wär dat Gemeng haut komplett blockéiert wär mat den Baugenehmegungen.
Déi lang Prozedur (14 Joer bis elo mat enger halwer Millioun € Onkäschten, an mir sinn nach laang net fäerdeg) huet schonns hiert gutt wëll si erlabt propper tabula rasa ze maachen fir dat den PAG an Zukunft an engem legalen Licht do steet an fir dat falsch Interpretatiounen méiglechst ausgeschalt sinn.
Et ass also schonns wichteg dat deen neien PAG „en bonne et du forme“ op der ganzer Linn méiglechst schnell approuvéiert gëtt.
Déi lang Prozedur (14 Joer bis elo mat enger halwer Millioun € Onkäschten, an mir sinn nach laang net fäerdeg) huet schonns hiert gutt wëll si erlabt propper tabula rasa ze maachen fir dat den PAG an Zukunft an engem legalen Licht do steet an fir dat falsch Interpretatiounen méiglechst ausgeschalt sinn.
Et ass also schonns wichteg dat deen neien PAG „en bonne et du forme“ op der ganzer Linn méiglechst schnell approuvéiert gëtt.
Ech kënnt mir allerdéngs gutt virstellen dat ech mech zu engem Deel oder ganz fatzeg ieren wëll Matière komplex ass. Wann dat esou wär, wär ech frou wann méi kompetent Leit dat an den Kommentaren déifen richteg stellen (dofir sinn Kommentaren jo op engem Blog do).
Jean Leick

Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire