Dëse Blog soll de Matbierger/Matbiergerinnen Informatiounen zoudroen déi
(eventuell nach) net um Site vun der Gemeng stinn. Mir weisen drop hinn dat
Gemeng Informatiounen zum PAG ënnert dem link http://www.acfischbach.lu/index.php/actualites/1-latest/285-pagprojetdamenagementgeneral
publizéiert huet (Rubrik Latest News, PAG - Projet d'aménagement général de la commune
de Fischbach). Op den Stand vum 12/1/2015 sinn folgend Dokumenter um Site vun
der Gemeng :
Gemengeresponsabel hunn kierzlech eng 2. Rubrik drop gesat : „PAG études préliminaires“
( http://www.acfischbach.lu/index.php/actualites/1-latest/286-pag-etudes-preliminaires)
Et ass absolut derwäert dës Dokumentatioun ze consultéieren. Esou guer wann een déi Dokumentatioun net am Kader vum PAG kuckt, gëtt si trotzdem phantastesch Informatiounen iwwert Bestänn vun der Gemeng vun deenen meeschten Aspekter aus gesinn. Allerdéngs musst dir dofir den Programm « Winrar" eroflueden. Dës Rubrik beinhaltet och een Artikel mat den Linken fir deen Programm ze installéieren. Et ass keen decke Programm an et geet relativ fix.
Mee de Blog soll och den Leit selwer erlaben Kommentaren ze maachen, Artikelen ze schreiwen déi um Blog publizéiert ginn, eventuell hir eegen Korrespondenz mat der Gemeng an aneren Instanzen ze verëffentlechen, reagéieren op dat wat aner Leit mengen an esou virun.
Wann dir wëllt den Blog benotzen fir är Dokumenter/Artikelen ze publizéieren, kënnt dir si mat enger Email un den Jean Leick, Administrateur vum Blog am Numm vun den Memberen vun deem informellen Grupp, schécken. Hin suergt dann dofir dat se op den Blog kommen. Seng email Adress ass : leickjem@pt.lu .
Déi Leit déi dëse Blog initiéiert hunn, proposéieren och lettres-types op den Blog ze sëtzen déi den Leit vläicht hëllefen kënnten selwer op der Gemeng fir verschidden Aspekter ze reklaméieren.
Wann dir wëllt un den zukünftegen Diskussiounen deelhuelen oder soss ier Hëllef fir Plate-form ubidden, kënnt dir iech och beim Claude mëllen pagfischbach@gmail.com
Mir maachen Iech drop opmierksam dass déi verschidden Delaien fir d'Reklamatiounen am avis au public en matière d'urbanisme vum 28/12/2015 an der Rubrik PAG vum Site vun der Gemeng publizéiert sinn.
Prozeduren selwer am Kader vum PAG sinn an der "Présentation au public" vum 04.01.2016 beschriwwen.
Dir kënnt och Rubrik Kommentaren ënnert dësem Text benotzen fir ier Email-Adresse oder Telefonsnummer matzedeelen wann dir wëllt kontaktéiert ginn.

Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire