Wéint deenen kuerzen Delaien (gewollt ?, also strategesch ?, oder och net),
kann een am Fong näischt anescht maachen wéi sech am Kader vun der Prozedur
bemierkbar ze maachen. Dat heescht also Reklamatiounen an den gesetzlechen Fristen
eranzeschécken. Dat kann ee gewëssent Gewiicht hunn, wa vill Reklamatiounen
erakommen, oder wann oft déi nämlecht Texter sinn, déi individuell vun
verschiddenen Leit ënnerschriwwen ginn. Den Ministère de l’Intérieur, a virun
allem Commission d’aménagement, missten dann op mannst virsiichteg ginn wann se
géifen méi oder manner ee PAG approuvéieren déi géint déi bestehend Texter ass,
notamment wat den Gemengen(eegen)entwecklung ugeet.
Et ass also néideg sech méiglechst massiv an deem Kader ze beweegen, deen
de Moment dem Bierger op ass. Dëse Kontext ass den Moment „Enquête
publique" vum PAG/PAP an der Phase vun der Reklamatioun, vum PAG selwer an
vun der SUP. Daat ass eng administrativ Prozedur. Leit, wann se net d’Accord
sinn mat deem wat Gemeng proposéiert, mussen sech elo a grousser Zuel mëllen
fir dat een Impakt do ass dee net kann ignoréiert ginn. Wann dat net geschitt,
da brauchen mir eis herno net ze wonneren wann verschidden Saachen duerchginn
déi den meeschten Leit eventuell net gefalen. Mee et kënnt natierlech och sinn
dat de proposéierten PAG Zoustëmmung vun enger Majoritéit vu Bierger fënnt.
Dann ass dat eben esou. Et ass jo een demokrateschen Prozess. An deem
Moment kann Politik berechtegterweis soen dat si d‘Leit richteg vertrueden
huet.
De Problem ass datt den Dossier, deen d'Leit virgeluecht kruten an déi
Gesetzer, déi dat ganzt regelen, esou zolidd a komplex sinn, dat et normal ass dass
de Bierger, dee net Spezialiste an der Matière ass, dat entweder net verdaut
kritt oder d'Zäit net huet dat an deem kuerzen Delai ze maachen. Dobäi kënnt,
datt vill Leit dat richtegt Gespier an dësem Dossier hunn, awer leider net
wëssen, wat se iwwerhaapt kënnen ënnerhuelen oder eventuell net de
richtigen Dréi fannen.
Hei soll awer all Matbierger sech kënnen zu dem Thema ausdrécken,
besonnesch well eis Gemengeverantwortlech e Wee wëllen aschloen, deen voll
géint déi aktuell aktiv Gesetzer geet. All Mënsch dee sécher wor, mir géingen
an enger "Commune complémentaire" wunnen, gouf enttäuscht vun dësem
PAG/PAP, respektiv vun der Entwécklungsstrategie. Wann déi Gewielten net méi an
déi Richtung ginn, firwat se sech opgestallt haten oder si mengen nach,
si géingen am Sënn vun de Kommune-Kommunautéit-Gemeinschaft-Gemeinde schaffen
et awer net méi maachen, dann mussen d'Bierger sech manifestéieren a soen :
" Esou net!"
Den Blog soll och den Matbierger Elementer
ginn déi hinnen kéinten op deem engen oder aneren Punkt hëllefen eng lettre de réclamation
op Been ze setzen. Se kënnen ouni weideres ganz Bréiwer kopéieren an hiren Numm
drënner setzen oder verschidden Elementer "compiléieren" fir hiren
Bréif.
D'Gemengeverantwortlech hunn den "minimum requis", deen Gesetz
vun hinnen verlaangt gemaach. Net méi! Also musse mir elo och dat maachen, wat
vun eis verlaangt gëtt. Just, mam Minimum gi mir eis net zefridden. Eng
"régression vers la moyenne" ass hei net ubruecht!!! Hei si Saachen
déi un d'Substanz ginn, Wäerter, déi eis am Liewen wichteg sinn, an dësem Fall
d'Wäerter/d'Stäerkten vun dëser Gemeng. Et ass net nëmme legal, mee esouguer
legitime, fir sech elo ze mellen an séng Meenung ze soën, esou ähnlëch wéi bei
der "légitime défense". De BLOG ass just e Moyen fir de Bierger
méi komplett z'informéiren an him eng Chance ze ginn. Dat ass e Stéck
Demokratie an eis Pflicht als Bierger.
E kléngen Extrait vum Internet vun eise
franséischen Noperen iwwert Bierger http://www.vie-publique.fr/decouverte-institutions/citoyen/citoyennete/definition/devoirs-definition/quels-sont-devoirs-citoyen-envers-autres.html
" Les devoirs d’un
citoyen envers les autres sont de deux natures, juridique et morale.
Chaque citoyen doit d’abord respecter les droits des autres, qui sont identiques aux siens. En effet, la Déclaration des droits de 1789 établit que "l’exercice des droits naturels de chaque homme n’a de bornes que celles qui assurent aux autres membres de la société la jouissance de ces mêmes droits" (art. 4). Ainsi, un citoyen a droit au respect de sa vie privée et doit scrupuleusement respecter celle des autres. De même, il ne doit pas empêcher quelqu’un de s’exprimer librement au nom de la supériorité supposée de ses propres idées. Il doit respecter la liberté des autres, témoigner et leur porter assistance.
Mais les devoirs des citoyens les uns envers les autres ne se limitent pas à des obligations juridiques et doivent être complétés par une dimension morale.
En effet, il doit "vivre en citoyen" en faisant preuve de civisme et de civilité. L’attitude des citoyens les uns envers les autres est primordiale pour rendre supportable la vie en société. La politesse, le respect, la capacité à venir en aide à une personne en difficulté sont des éléments capitaux pour une citoyenneté vécue au quotidien. Les manquements à ces règles élémentaires de vie en commun affaiblissent la notion de citoyenneté."
Fir
ofzeschléissen, all Bierger kennt deen hei Saz erëm :
„Du hues ons all als Kanner schonn
de fräie Geescht jo ginn.“
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire